
Wéi e Spriecher vun den Elektrizitéitswierker vun der Stad Wuppertal matgedeelt huet, hätt de Ballon sech géint 22 Auer e Freideg den Owend an engem Traffo vun engem Ëmspannwierk verfaangen an e Kuerzschloss verursaacht.
Dat hätt zu engem Stroumausfall an 20.000 Stéit am Staddeel Langerfeld gefouert. Och déi bekannte Wuppertaler “Schwebebahn” huet de Betrib wéinst dem Tëschefall missen astellen.
Wéi et vun den Elektrizitéitswierker heescht, konnten déi concernéiert Stéit no ronn enger Stonn nees mat Stroum versuergt ginn. D’Schwebebahn konnt e Samschdeg de Moien nees normal fueren.