Mat just 17 JoerLuxuswon zu Paräis geklaut a vu Police zu Freiburg erwëscht

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet wuel net schlecht gestaunt, wéi si no enger Course-poursuite e Jugendlechen vu 17 Joer hannert dem Steier erbléckst hunn.
© AFP Symbolbild

De jonke Mann hat och e gudde Grond, dass hie sech wollt virun der Police ewechmaachen. Hie war nämlech an engem geklaute Won ënnerwee. An dann och nach net iergendee Won a mol net an Däitschland geklaut.

Et huet sech ëm ee Luxusauto gehandelt, geklaut zu Paräis. A mat deem ass de Jugendlechen um Enn zu Freiburg der Police opgefall. Direkt zwou Patrulle ware bedeelegt, fir de jonke Brigang ze stoppen, deen antëscht an Untersuchungshaft sëtz. Ob hien den Auto geklaut huet, ass awer nach onkloer.

Back to Top
CIM LOGO