
Mikropause si kuerz Pause vun 30 Sekonne bis e puer Minutten. Fuerscher hu scho viru puer Joer erausfonnt, dass kuerz Ënnerbriechungen engem rëm méi Energie ginn an een esou guer net esou midd gëtt. Maximal zéng Minutte soll dës Paus daueren. Ofhängeg vun der Aarbecht kënne Mikropause souguer d’Produktivitéit fërderen.
All 30 bis 60 Minutte soll ee sech eng oder e puer Minutte Paus huelen, also seng Aarbecht ënnerbriechen. Et soll een dann eppes ganz aneres maachen, wéi dat wat ee grad vun Aarbecht ze dinn huet. Sëtzt een also vill virum Bildschierm, soll ee mol e bëssen aus der Fënster kucken, dat ass eng gutt Paus fir d’Aen. Sëtzt ee vill, soll een opstoen, sech strecken, e bëssen trëppelen oder sech eppes ze drénke siche goen, wat souwisou wärend der Aarbecht dacks vergiess gëtt. Awer och e kuerze Kaffiskränzche mat den Aarbechtskolleegen oder just eemol kuerz säi Liblingslidd lauschteren, bréngt d’Gehier rëm op Trapp.
Doduerch, dass ee sengem Kierper reegelméisseg e bëssen Ofwiesslung gëtt, gëtt een net esou midd an et kann een deelweis och méi konzentréiert schaffen. Am Fall vun engem Beruff, wou ee vill am Büro sëtzt, soen de Réck an d’Nuque bestëmmt Merci, wann een all Stonn eng kéier opstees, sech beweegt an duerchstreckt.
Wat een net maache soll...
Vun engem Bildschierm op den aneren? Dat ass net wierklech eng Paus. Villäicht wëll een onbedéngt wëssen, wat de Partner den Owend kacht oder wéi eng Kaz grad op Tiktok rëm viral geet. Mee eng Paus ass dat fir eist Gehier net. Och kuerz d’Mailen checken ass keng Paus. Et soll eppes sinn, wat näischt mat der Aarbecht ze dinn huet an Iech net nach méi stresst. Heiansdo geet et duer einfach nëmmen 30 Sekonnen näischt ze maachen. Wat einfach kléngt, kann en Challenge sinn, mee en Challenge, deen engem iwwerreizte Kapp ka guttdoen.
Mikropause si jo u sech keng nei Erkenntnis, an awer si se dacks net gär gesinn. Et huet ee villäicht selwer Scholdgefiller, wann een all Stonn eng Paus mécht oder awer et ass ee selwer deen, deen urteelt: “Lo geet dee scho rëm spadséieren...” Ëmmer rëm gouf och doriwwer diskutéiert, dass Leit, déi fëmmen, manner schaffen, wéi déi aner, well se eben all Stonn oder an engem aneren Intervall virun d’Dier ginn. Eigentlech maachen déi et souguer richteg, och wann d’Fëmmen net déi gesond Aart a Weis ass, seng Mikropaus ze verbréngen.
Allgemeng solle Mikropausen also an den Entreprisë méi akzeptéiert a souguer ënnerstëtzt ginn, sou d’Wëssenschaftler vun der Etüd. Eng positiv Attitüd vun de Virgesetzte géigeniwwer méi reegelméissegen, mee dofir kuerze Pausen, géif de Problem vun de Scholdgefiller reegelen an allgemeng zu enger méi positiver Aarbechtsatmosphär féieren an deels souguer d’Resultat vun der Aarbecht verbesseren.
D’Konzept vun de Mikropausen ass net nëmmen eppes fir déi, déi den Dag um Büro verbréngen. Och den Alldag doheem, léieren als Student an an anere Liewens- a Aarbechtssituatioune kënne se hëllefen, Aufgaben ouni Duerchhänger ze erfëllen.

E klengen Tipp fir déi, déi Schwieregkeeten hunn, sech selwer u Pausen ze erënneren oder awer Motivatioun brauche weider ze schaffen: De Pomodoro-Prinzip.
Erfonnt gouf Pomodoro schonn an den 1980er Jore vum Italiener Francesco Cirillo, deen deemools eng Kichenauer a Form vun enger Tomat benotzt huet. Mee och haut nach ass déi einfach Technik bekannt a gëtt vill benotzt. Bei Schüler a Studenten ass et beléift, wa se fir eng Prüfung léiere mussen, mee se gëtt och ëmmer méi am Beruffsliewe genotzt, besonnesch wann ee Problemer mat eegenem Zäitmanagement huet.
Schafft een nom Pomodoro-Prinzip, zortéiert ee seng Aufgaben no Prioritéit an da stellt ee sech en Timer op 25 Minutten. An deene 25 Minutte gëtt geschafft an duerno fënnef Minutte Paus gemaach. No véier Widderhuelungen, stinn 20 bis 30 Minutte Paus um Programm. Mat Hëllef vum Timer gëtt een engersäits motivéiert Gas ze ginn an seng Aarbecht ofzeschléissen an et huet ee virun An, dass déi nächst Paus net wäit ewech ass.
Entweder et stellt ee sech selwer en Timer oder awer et notzt een eng Websäit oder App, wou een da souguer zum Beispill Tomate sammele kann, fir all Zyklus, deen ee gepackt huet. Et ass eng Methode fir d’Konzentratioun an d’Produktivitéit duerch de Wiessel vun Aarbechts- a Pausephasen ze fërderen.