An esou gëtt Gréiwemaacher wärend engem Mount zum groussen Adventskalenner. D’Amicale Foyer Pietert sammelt esou Sue fir de gudden Zweck.
Op Facebook schreift d’Amicale: “Mir hoffen datt mir an dëser dacks stresseger Zäit vill schéi Momenter a flott Gespréicher mat a bei léiwe Leit zu Maacher kënne verbréngen a selbstverständlech vill originell Fënstere bewonnere kënne n.Mir freeën iis op Eech a wënschen Eech all lo schonn ee schéin a virun allem gesond Adventszäit! “