
Ma d’Reprochë géint de 74 Joer ale franséischen Acteur, deen ënner anerem den Obelix a villen “Asterix an Obelix"-Filmer gespillt huet, ginn ëmmer méi grouss an ëmmer méi haart. Aus dem Musée fir Wuessfiguren zu Paräis gouf seng Figur souguer schonn ewechgeholl. Vill vun de Reprochë komme vu Schauspillerkolleegen oder aus der Politik.
De Marcon huet den Depardieu géint d’Reprochë vu Vergewaltegungen a Schutz geholl. Et dierft keng Mënschejuegd gemaach ginn. Villäicht géif et Affer ginn, mä d’Présomption d’innoncence géif och gëllen. Frankräich soll net an en “Zäitalter vun de Verdächtegunge” rutschen. De Macron sot och, hie wär e “grousse Veréierer” vum Depardieu, deen e groussaartege Schauspiller wär a Frankräich bekannt gemaach hätt.
Nach virun e puer Deeg gouf et ganz aner Téin vun der franséischer Kulturministesch Rima Abdul Malak, déi d’Verhale vum Depardieu géintiwwer Fraen als “Schan fir Frankräich” bezeechent hat. Si huet dann och ageleet, datt den Depardieu aus der Éierelegioun ausgeschloss soll ginn. Ausléiser fir dës Aussoe waren Zeenen aus engem Dokumentarfilm, deen den Depardieu an Nordkorea begleet huet. Do huet hien eng Rei vu vulgären a sexistesche Commentaire gemaach, och géint jonk Meedercher.
Zanter 2020 gëtt a Frankräich géint de 74 Joer alen Acteur wéinst Virwërf vu Vergewaltegungen ermëttelt. D’Actrice Charlotte Arnould wërft him vir, si 2018 zwee Mol vergewaltegt ze hunn. Änlech Téin komme vun der Hélène Darras, déi 2007 bei Dréiaarbechten op den Depardieu getraff ass. An och d’Journalistin Ruth Baza huet eng Plainte gemaach. Den Acteur, deen nach am Dezember 75 Joer kritt, huet bis ewell all d’Virwërf zeréckgewisen.