Mount EverestMajestéitesch, geféierlech a leider verknascht

Loïc Juchem
Joerzéngtelaang hunn d’Expeditiounen op den héchste Bierg vun der Welt net nëmme Foussspueren am Schnéi hannerlooss.
Mount Everest: Majestéitesch, geféierlech a leider verknascht
Joerzéngtelaang hunn d’Expeditiounen op den héchste Bierg vun der Welt net nëmme Foussspueren am Schnéi hannerlooss.

Mä leider och Zelter, eidel Sauerstofffläschen a Knascht. Hoffnung mécht elo eng nei Innovatioun: Zanter puer Wochen transportéieren nämlech Dronen de Knascht vum Bierg erof.

D’Firma Airlift Technology ass déi éischt Drone-Liwwer-Firma aus dem Nepal a si sinn dofir verantwortlech, Equipement erop op de Mount Everest ze bréngen. Et ass eng also eng Zort moderne Sherpa. D’Khumbu-Passage zielt beispillsweis zu de geféierleche Punkte fir erop op de Bierg. Si ass en deeglechen Albdram fir e Sherpa, schliisslech si genee hei scho vill Leit dausend Meter an d’Déift gefall. Fir duerch dëse Passage ze kommen, huet e Sherpa eng 20 bis 30 kg ze schleefen an dat iwwerhuelen elo d’Dronen. Si transportéieren awer och Sauerstoffmasken, Leederen a Seeler. Mat enger Drone brauch ee vum Base Campe bis Camp One eng dräi Minutten, zu Fouss sinn et ganzer 7 Stonnen.

Mä dëse Projet geet Airlift Technology awer net duer. Si fléien net ouni Material erëm zeréck, mä notzen de Réckvol dofir, fir Dréck mat an den Dall ze bréngen. Tonnen un Offall hätte sech an de leschte Joren an deene verschiddene Camps ugesammelt. Et sinn elo eng 75 Joer hier, datt et déi éischt Expeditioun erop op de Mount Everest gouf. Et kéint elo och kengem d’Schold fir dee ganze Knascht ginn, et hätt sech einfach alles kumuléiert. Elo wier awer de richtegen Ament, datt een zesummen eppes dogéint ënnerhëlt.

Iwwer 1.000 Kilo Knascht sinn elo tëscht Mäerz a Mee zesummekomm, dëst an Zesummenaarbecht mat lokalen ONGen an der nepaleesescher Regierung.

Back to Top
CIM LOGO