Bedruch op DatingplattformenMann an Däitschland muss wéinst "Love Scamming" fir 8 Joer an de Prisong

RTL Lëtzebuerg
En 33 Joer ale Mann a seng zwee Komplizen hu 4 Mënsche bannent engem Zäitraum vu 7 Joer ëm net manner wéi 500.000 Euro geschiedegt.

Si hu sech op Dating-Plattformen als fiktiv Fraen oder Männer ausginn, déi Interessi un enger Bezéiung hunn. Wéi se da mat Leit a Kontakt komm sinn, hu se divers Noutsituatioune virgetäuscht, wéinst deene se dréngend Sue bräichten.

Am Prozess goufen dem Täter méi wéi 100 Fäll vu Bedruch virgeheit.

Den Haaptbeschëllegte gouf zu 8 Joer Prisong verurteelt, iwwerdeem déi zwee Komplize mat 2,5 respektiv 1,5 Joer dovu komm sinn, dat op Sursis. Dat huet de Parquet vu Saarbrécken matgedeelt. D’Phänomen géif ëmmer méi dacks opdauchen a géif änlech wéi beim Enkeltrick, dacks eeler Leit viséieren. Et wier mam fréieren “Heiratsschwindler” ze vergläichen.

D’Urteeler géint déi 3 Männer sinn nach net rechtskräfteg. Si kënnen nach an Appell goen.

Back to Top
CIM LOGO