Ekel-Alarm um Flughafen HannoverMann ass mat 8 Kilo muuschtegem Fleesch inklusive Mueden ugereest

RTL Lëtzebuerg
Et weess een net, ob se gestaunt hunn oder direkt gewiergt. D'Douane huet um Flughafen Hannover eng méi wéi degueulasse Decouverte gemaach.

Am Gepäck vun engem Mann, deen aus Ghana ugereest war, hunn d’Beamten aacht Kilo verduerwent Fleesch entdeckt. An de Päck wieren souguer deels scho Mueden um Wierk gewiescht. Dat ënnerkillte Fleesch wier vu verschiddenen Déierenaarten gestaamt a gouf “wéi virgeschriwwe vernicht”. De Mann aus Ghana erwaart elo eng säfteg Geldstrof.

Eis Beamte mussen dacks staark Nerven an e staarke Mo hunn, heescht et vun der Douane. Eleng am Flughafen Hannover sinn d’lescht Joer an iwwer 500 Fäll déieresch Produiten mat engem Gesamtgewiicht vun iwwer zwou Tonne séchergestallt ginn.

Back to Top
CIM LOGO