
Dat well hien d’Ligestill bei der Schwämm vum Hotel gréisstendeels net notze konnt. Wéi et vum Geriicht, dat sech mat der Plainte beschäftegt huet, heescht, hätt et am Hotel ronn 500 esou Ligestill ginn. Den interne Reegele vum Hotel no wier et och verbuede gewiescht, dës méi laang ewéi eng hallef Stonn mat engem Buedduch ze reservéieren, wann een se net notzt.
Obwuel vill Gäscht dat trotzdeem gemaach hätten, hätt den Hotel näischt dogéint ënnerholl. De Mann aus Sachsen hätt dowéinst Schwieregkeete gehat, e Ligestull ze fannen. Dat huet senger Meenung no e Mangel duergestallt an hien huet den Organisateur vun der Rees verklot. Vun de Reeskäschte vu 5.260 € wollt hie 798 € zeréck hunn.
Dat zoustännegt Geriicht huet dem Mann a senger Usiicht, dass et sech ëm e Mangel handelt, Recht ginn. Allerdéngs huet et him nëmmen 323 € amplaz vun de gefuerderte 798 zougeschwat.