
Nodeem direkt e puer Mol iwwert den Hautparleur de Besëtzer vum Koffer opgeruff gouf, säi Gepäck nees matzehuelen an dëst net passéiert ass, hunn déi Responsabel vun der Gare zu Oochen d’Police alarméiert an direkt e puer Quaien an der Ëmgéigend fir all d’Persoune gespaart. Och extra op Sprengstoff spezialiséiert Hënn sinn an den Asaz komm.
Wéi d’Muppen amgaange waren, erauszefannen, ob de Koffer geféierlech wier oder net, huet sech e 56 Joer ale Mann bei der Däitscher Bunn gemellt, well hie säi Koffer um Quai vergiess hat. Dat huet fir Erliichterung bei den Ekippen, déi um Quai am Asaz waren, awer och bei den Autoritéite gesuergt, well de Koffer keng Gefor duergestallt huet.
De Mann, dee säi Koffer awer do vergiess huet, wäert elo eng säfteg Rechnung heem kréien, well hien d’Käschte vum kompletten Asaz muss droen.