
Éischten Erkenntnisser no wier e 26 Joer ale Mann an der Géigend vum Waldstadion zu Frankfurt an en Taxi geklommen a wollt op d’Gare gefouert ginn. Nodeems de Mann sech am Auto iwwerginn huet, wollt den Taxichauffer 2.500 Euro als Entschiedegung.
No enger kuerzer Diskussioun wier de Verdächtegen du mat sengem Fuergaascht bei eng Bank gefuer. Wéi de 26 Joer ale Mann refuséiert huet, d’Suen opzehiewen, huet de Chauffer kuerzer Hand eng schwaarz Schosswaff erausgeholl an domat a Richtung vum Kapp vum Passagéier geziilt.
De menacéierte Mann ass doropshin an d’Bank gaangen, wou hien den Noutruff gewielt huet. No kuerzer Zäit huet sech den Taxichauffer mat sengem Won duerch d’Bascht gemaach.