
Mat deem, wat e puer Woche méi spéit a senger Bréifboîte sollt landen, hat de Connor Gato awer net gerechent. Amplaz vun den erlaabten 89 Km/h war hie mat 145 Km/h ënnerwee gewiescht. A senger Bréifboîte ass du schliisslech ee Protokoll gelant, zesumme mat enger geriichtlecher Virluedung, datt hien 1,4 Milliounen Dollar misst bezuelen.
Viru Geriicht konnt de Mann dunn awer schliisslech opootmen: Déi 1,4 Milliounen Dollar wiere just dra geschriwwe ginn, well déi letztendlech Zomm nach net feststoung. Déi tatsächlech Strof dierf net méi héich wéi 1.000 Dollar leien. Wéi et vu lokale Medien heescht, géifen d’Autoritéiten elo dru schaffen, hire Protokoll-System ze iwwerschaffen.