Datt hien iwwerhaapt nach stoe konntMann mat 5,5 Promill an Niedersachsen gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Wann een an Däitschland nach mam Auto wëll fueren, da gëllt och wéi bei eis am Land e maximale Promillewäert vun 0,5.
© AFP

E Mann aus Kalefeld an Niedersachsen hat dëse Wäert awer emol labber ëm dat Eeleffacht iwwerschratt, wéi hie säi Won um Parking vun engem Supermarché an d’Gréngs gesteiert hat.

De 45 Joer ale Mann koum och wéinst dem ganz héijen Alkoholpeegel an d’Spidol, wou hie behandelt gouf. Weider goufen Ermëttlunge géint hie wéinst Alkohol um Steier ageleet, hien huet eng Bluttprouf wéi och säi Permis missten ofginn an duerft natierlech och net weiderfueren.

Wat kënnt elo op de Mann duer?

Vun 1,1 Promill u gëllt an Däitschland déi “absolut Fahruntüchtigkeit”, also datt een dem Code de la Route no net méi kapabel ass, e Gefier ze lenken. Vun dësem Wäert u muss ee mat enger héijer Geldstrof rechnen (bei iwwer 0,5 Promill läit dës tëscht 500 a 1.500 Euro, jee nodeem wéi dacks ee schonn erwëscht gouf) an et kann ee souguer bis zu 5 Joer Prisong kréien. De Permis ass tëscht 6 Méint a 5 Joer oder an engem ganz schlëmme Fall fir ëmmer fort. Sollt een en dann awer erëmkréien, huet een zousätzlech 3 Punkten zu Flensburg gesammelt.

Et bleift awer net bei dëse Strofen, well sollt en Automobilist méi wéi 1,6 Promill hunn, muss dësen nach zousätzlech an ee medezinesch-psychologeschen Test, fir erauszefannen, ob chroneschen Alkoholmëssbrauch virläit.

Back to Top
CIM LOGO