
Erwëscht gouf de 24 Joer ale Belaruss am italieeneschen Aosta-Dall, wéi hie mat sengem Camion iwwer eng Schipist fuere wollt, fir op déi aner Säit ze kommen. Wéi et en Dënschdeg vun der italieenescher Police heescht, hätt de Mann ëmmerhi Schnéiketten op de Pneue vu sengem Gefier gehat.
Fir d’éischt op sech opmierksam gemaach, sou d’Police, hat de Camionneur an der Géigend vum Wantersportuert La Thuile, wou hie sech scho vum Personal vun der Pist net dovun ofbrénge gelooss huet, weider iwwer d’Schipist ze fueren. Eréischt wéi d’Police intervenéiert ass, ass de Liwwerwon, dee mat Textilie beluede war, stoe bliwwen.
Op enger Strooss nieft der Pist huet de Mann du missen en Alkoholtest maachen, deen allerdéngs negativ ausgefall ass. Fir seng riskant Faart iwwer d’Schipist huet de Belaruss e Protokoll vun 200 Euro misse bezuelen. No der Kontroll vun der Police duerft de Chauffer weider a Richtung Frankräich fueren. Dat awer regulär duerch de Mont-Blanc-Tunnel, bei deem ee fir d’Duerchfaart bezuele muss.