
Passéiert ass dat e Sonndeg an der Géigend vun der Stad Valladolid. Dee bis ewell onbekannte Wäivernichter huet d’Krinn vun dräi Tanken, déi mat Wäin gefëllt waren, opgemaach an dat beléift Gedrénks einfach an d’Hal lafe gelooss. Dat huet de Besëtzer vun der Kellerei Cep 21 zu Castillo de Duero verschidde spuenesche Medien erzielt.
Dobäi si ronn 60.000 Liter vum Wäin, dee ronn 90 Euro pro Fläsch kascht, komplett vernicht ginn. Op Videoe vum Sécherheetssystem ass ze gesinn, datt de Mann, nodeem hien agedrongen ass, séier déi dräi Tanken eidelgemaach huet. Dem Besëtzer Jose Moro no muss d’Persoun de System kannt hunn a ganz genee gewosst hunn, wat si mécht. Hie wollt och nach zwee weider Tanken opmaachen, déi waren awer zum Zäitpunkt vun der Dot eidel.
Ronn 20.000 Liter ginn ënnert dem Numm “Horacjo” verkaf, dës si vun der rezenter Recolte. Déi aner 40.000 Liter stamen nach aus der Recolte vun 2022 a ginn ënner dem Numm “Malabrigo” verdriwwen, esou dat spuenescht Portal “The Olive Press”.