
Den 30 Joer ale Mann hätt d'Paart zu Vilshofen un der Donau mat pickegem Drot ëmwéckelt an dësen iwwer eng Verlängerung mat enger Netzspannung vun 230 Volt ënner Stroum gesat hunn. Donieft hätt hien d'Paart vu sengem 79 Joer alen Noper mat Bëtonsplacken, enger Ketten an engem Schlass blockéiert a verspäert.
Den Noper hätt de Virfall en Dënschdeg de Mëtteg bemierkt an d'Police geruff, wéi dës matdeelt. Beamten hätten de Kabel bis bei de Stroumverdeeler vum 30 Joer ale Mann zréckverfollegt a lass geklemmt. Verletzt gouf keen, ma géint den 30 Joer ale Mann gëtt elo wéinst geféierlecher Kierperverletzung, Saachbeschiedegung a Violation de domicile ermëttelt.
Dat geneet Motiv ass den Ament nach onkloer. Engem Spriecher vun der Police no hunn déi zwee Nopere scho méi laang Sträit.