Zuch krut nach gebremstMann vu 84 Joer fiert Honnerte Meter mam Auto duerch Metro-Statioun zu Hamburg

RTL Lëtzebuerg
Wéi dat gaangen ass, dierft wuel och den eeleren Här sech gefrot hunn, nodeems hien eng 500 Meter mat sengem Auto iwwer Metro-Schinne gefuer ass.

De 84 Joer alen Automobilist ass e Méindeg den Owend géint 18 Auer am däitschen Ahrensburg mat sengem Auto op d’Schinne vun der Metro geroden a koum do net méi erof, sou d’lokal Police. Gutt 500 Meter hätt de Mann mat sengem Won op de Schinnen zeréckgeluecht. Wuelverstanen, ënnerierdesch. Am Zentrum vun Hamburg verleeft dës Streck vun der Metro haaptsächlech ënnert dem Buedem, baussent dem Zentrum nees driwwer.

De Maschinist hat séier reagéiert, wéi hien den Auto bis erbléckst hat. Hie konnt mat Zäite bremsen an eng Kollisioun verhënneren. De 7 Passagéier am Zuch ass näischt geschitt. D’Streck huet missen eng Zäit laang gespaart ginn, fir den Auto nees vun de Schinne erof ze kréien.

Back to Top
CIM LOGO