Vum Facebook-Grënner zum RandsziichterMark Zuckerberg produzéiert Luxus-Fleesch op Hawaii a gëtt kritiséiert

RTL Lëtzebuerg
Sou begeeschtert wéi de Milliardär Mark Zuckerberg fir säi Luxus-Fleesch ass, seng Iddi suergt nawell fir vill Kritik.
© AFP Archivbild

E Mëttwoch huet den US-Amerikaner e Bild vu sech gepost zesumme mat engem risege Steak a mécht domat gläichzäiteg Reklamm fir seng neiste Geschäftsiddi. De Facebook-Grënner ziicht elo Béischten. Luxus-Béischten, gefiddert mat Macadamianëss a Béier. All Wagyu- an Angus-Rand, dat op der Ranch soll geziicht ginn, wäert senger Rechnung no 5.000 bis 10.000 Pond u Fudder all Joer verbrauchen.

A grad domat stéisst hien elo op Kritik.

D’Déiereschutzorganisatioun Peta huet ënnert dem Post hirer Roserei Loft gemaach a geschriwwen, dass dëse Projet net just Déieren ëmbréngt, mä och de Planéit. De Zuckerberg sollt sech besser anere Projete widmen, zum Beispill innovatiivt vegaant Iessen. Ma d’Organisatioun Food & Water Watch spuert der brittescher Zeitung “The Guardian” no net mat Kritik a si verwonnert iwwert de “komeschen Nieweverdéngscht” vum Milliardär. Et hätt een eng “reell Agrarreform gebraucht, fir den Ongerechtegkeeten an eisem Ernärungssystem an der Realitéit vum Klimawiessel ze begéinen”.

Den neiste Projet vum Zuckerberg op der Ko’olau Ranch op Kauai steet allerdéngs nach ganz am Ufank. Säi Fleesch soll dat qualitativ héichwäertegst op der ganzer Welt ginn an “de ganze Prozess soll lokal a vertikal sinn”, heescht et - eng Uspillung op Nohaltegkeet. Vun all senge Projete wiere him dësen dee “leckersten”.

Back to Top
CIM LOGO