"Dat war eemoleg!"Mat 107 Joer de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse getraff

Raoul Roos
D'Pauline Becker-Blasius ass mat 107 déi eelst Persoun zu Lëtzebuerg.
Mat 107 Joer op der Joyeuse Entrée dobäi
D’Pauline Becker-Blasius huet sech et net entgoe gelooss, bei der Visitt vun der groussherzoglecher Koppel an hirer Géigend dobäi ze sinn.

Wann een d'Pauline Becker-Blasius freet, wéi et hir geet, ass d'Äntwert: “Tipptopp, ëmmer zefridden”.

Famill këmmert sech gutt

Ass dat de Secret, esou al ze ginn? “Ech hu gutt geschafft a war ëmmer dobaussen an der Sonn a bei lëschtegen, gudde Clienten. Ech hat e wonnerbar schéint Liewen. An dat hunn ech haut och. Ech gi versuergt vum Annette, et feelt mer näischt, meng Niessen, alleguer si se ëm mech.”

D’Annette ass eent vun hire Meedercher. Hiert anert Meedchen Angèle ass virun 8 Joer verstuerwen. Zur Famill gehéieren och fënnef Enkelen, 12 Urenkelen an 3 Ur-Ur-Enkelinnen.

Schonn dacks groussherzoglech Famill gesinn

D'Pauline Becker-Blasius gouf am Januar 1919 gebuer, 5 Deeg éier d'Grande-Duchesse Charlotte op den Troun komm war. E Freideg huet si de Grand-Duc Guillaume am Kader vun der Joyeuse Entrée zu Éinen getraff.

“Dat war schéin. Do muss ech eiser léiwer Gemeng Merci soen, dat war net langweileg, dat war schéin”.

Si hätt schonn dacks aner Grand-Ducen a Grand-Duchessë gesinn, virun allem wéi dem Grand-Duc Guillaume seng Urgroussmamm aus dem Krich heemkomm war, géif si an Erënnerung halen. “Du hunn ech hir d'Hand gereecht, si ass awer net u mech komm”.

“Eis groussherzoglech Koppel sinn zwee léiwer Leit” , betount d'Pauline.

Cremant hält am Alter fit

En anere Secret, fir an deem Alter sou fit ze sinn, ass hirer Meenung no de Cremant. “Dee bekënnt mer gutt, ech drénken es bal all Dag. Heiansdo och mol zwee an ech fille mech gutt derbäi. Dat deet menger Gesondheet gutt”.

Mir wënschen, dass et mat der Gesondheet esou weider geet.

Eise Reportage iwwer d'Claudine Becker-Blasius vun 2023

Back to Top
CIM LOGO