Fluchhafen TeneriffaMataarbechter solle Wäertsaachen aus Wallisse geklaut hunn

RTL Lëtzebuerg
Op der spuenescher Insel Teneriffa si 14 Fluchhafemataarbechter wéinst dem Verdacht festgeholl ginn, Wäertsaachen a Milliounenhéicht geklaut ze hunn.
Wäertsaachen, déi bei de presuméierte Mataarbechter séchergestallt goufen
Wäertsaachen, déi bei de presuméierte Mataarbechter séchergestallt goufen
© AFP

Deene 14 Mataarbechter gëtt reprochéiert, Wäertsaachen am Wäert vu knapp zwou Milliounen Euro aus de Wallisse vun Touriste geklaut ze hunn. Wéi d’Police e Freideg matgedeelt huet, goufen ënnert anerem 29 Luxus-Aueren, 22 Smartphonen an 120 Bijoue geklaut.

D’Enquêteure ginn dovunner aus, datt déi Verdächteg déi geklaut Wäertsaache méi spéit weiderverkaaft hunn. Géint 20 weider Fluchhafemataarbechter wéi och géint 27 Bijouterien op der Insel gëtt an deem Zesummenhang enquêtéiert.

Den Ermëttlungen no hunn d’Mataarbechter ëmmer zougeschloen, wann d’Gepäck schonn am Frachtraum vun de Fligere war. Op dës Aart a Weis ware si net am Bléckfeld vun anere Fluchhafemataarbechter an de Passagéier.

De Fluchhafe vun Teneriffa huet d’lescht Joer 10,8 Millioune Passagéier gezielt, e steet domadder op der siwenter Plaz vun de spuenesche Fluchhäfen.

Back to Top
CIM LOGO