
Spéitstens Enn August sollen d’Diere vum Lokal dann no 30 Joer zougoen. Gesicht gëtt elo no engem neie Proprietär, deen “d’Séil vu “Maybe not Bobs” weider droe kéint. Sou heescht et am Schreiwes op Facebook. Jiddereen, deen dorun interesséiert wier, kéint sech mam Restaurant a Kontakt setzen oder einfach laanschtkommen.