DäitschlandMcDonald's-Mataarbechter wéinst Kéis um Burger geschloen

RTL Lëtzebuerg
Och bei Fast Food hu vill Clientë speziell Wënsch beim Iessen. Ee Mann an Däitschland konnt sech awer net méi beherrschen, wéi seng Bestellung falsch war.
© AFP

Zu Landshut a Bayern wollten zwee Männer de Weekend fir déi ganz Famill McDonald’s siche goen. Kuerz no 22 Auer hunn déi zwee an der Filial an der Straubinger Straße bestallt. Nodeems si hir Bestellung kruten, hunn d’Männer sech op de Wee fir heem gemaach - sou wäit alles normal. Ma scho kuerz drop sinn d’Männer zréck an de Fast-Food-Restaurant gaangen.

Ënnert de Burger war nämlech een Cheeseburger, dee guer net bestallt gi war. Ma de Mëssel huet ee vun de Männer awer esou rose gemaach, datt hien d’Iessen hannert d’Théik geheit an dem Mataarbechter mat der Fauscht an d’Gesiicht geschloen huet.

Wéi et vun der Police heescht, soll de Mann erkläert hunn, datt seng “Fra eng Kéis-Intoleranz huet”. Ob eng Laktose-Intoleranz Grond genuch fir Gewalt ass, bleift ze klären. Géint de Mann gëtt wéinst Kierperverletzung ermëttelt.

Back to Top
CIM LOGO