Méi wéi 1.500 Participantë ronn 300 Vëloen an aacht Stonne Pedalléieren: Luxembourg Transplant huet mat senger 17. Editioun vum traditionellen "Indoor Cycling" an der Luxexpo net nëmmen een Zeeche fir d’'Organspend gesat, mee och e Weltrekord opgestallt.
Kuerz no 10:30 e Sonndeg de Moien ass de Countdown fir déi sportlech Sensibiliséierungscampagne lassgaangen. Vun do un hunn d'Participanten alles ginn, fir Kilometer ëm Kilometer zesummenzekréien. Dëst Joer stoung nämlech nieft der Sensibiliséierung iwwer d'Organspend nach eng besonnesch Erausfuerderung um Programm: e Weltrekord. D'Richtlinn fir de Guinness Weltrekord ze kréien, louch bei 15.000 Kilometer. Fir sécherzestellen, datt de Rekord offiziell unerkannt ka ginn, war och eng Riichterin vu Guinness World Records op der Plaz.
Ma d’Organisateure vum "Indoor Cycling" vu Luxembourg Transplant hate sech awer e vill méi ambitiéist Zil gesat. Si wollten an den aacht Stonnen déi 40.000-Kilometer-Mark knacken. Domat hätte si een Tour ronderëm d’Welt an der Täsch. Kuerz no 18:30 Auer war et dunn esou wäit: Nodeems d'Kilometerstänn vun de ronn 300 Vëloen zesummegerechent goufen, stoung d'Resultat fest. Am Ganze goufe 44.614 Kilometer an der Luxexpo pedalléiert. Domat gouf dat uviséiert Zil däitlech iwwerschratt an de Weltrekord geknackt.
Nieft der sportlecher Leeschtung stoung virun allem awer de Message vun der Aktioun am Mëttelpunkt: Organspend ka Liewe retten. D'Evenement am Kader vum Weltdag vun der Organspend, de 17. Oktober, soll d'Leit sensibiliséieren an dozou motivéieren, sech mam Thema auserneenzesetzen an Organspender ze ginn.
D'Noutwennegkeet dovunner bleift grouss. Zu Lëtzebuerg waarden den Ament ronn 100 Leit op eng Organtransplantatioun. Zejoert waren et am Ganzen 154 Patienten, déi hei am Land op eng passend Organspend gehofft hunn. Iwwer den internationale Reseau konnten 43 Awunner eng liewensrettend Transplantatioun kréien.