
Iwwer 6.900 Schülerinnen a Schüler hu sech fir d’Summerschool ageschriwwen, dat huet den Educatiounsministère en Dënschdegmëtteg matgedeelt. Ronn 5.500 aus dem Fondamental an 1.400 aus dem Secondaire. D’Summerschool ass vum 1. bis den 12. September. D’Schülerinnen a Schüler kréien hei d’Méiglechkeet, kuerz virun der Rentrée hir Coursen ze reviséieren an hiert Wëssen an den Haaptfächer opzefrëschen.
Et ass déi mëttlerweil sechst Editioun. Am Fondamental maachen d’Sproochecoursen iwwer 73 Prozent vun allen Inscriptiounen aus. Gutt 66 Prozent am Däitschen. Am Secondaire ass d’Nofro fir Mathéscoursen am héchste mat eppes iwwer 33 Prozent vun allen Inscriptiounen. Dono kënnt Franséisch mat bal 25 Prozent an Däitsch mat 18 Prozent.