Keng Beleidegunge viru GeriichtMetaphoresche Maulkuerf fir den Donald Trump

RTL Lëtzebuerg
Datt de fréieren US-President Trump och viru Geriicht gären ausdeelt, ass näischt Neies méi. Beleidegunge muss hie sech an Zukunft awer verbäissen.

Esou huet hien ee vun de speziellen Ermëttler a sengem Prozess, den Jack Smith, e “Geeschteggestéierten” an e “Kläpper” genannt.

An Zukunft muss den Trump esou Beleidegungen awer fir sech halen: Eng Bundesriichterin huet de Maulkuerf erëm a Kraaft gesat, dee si dem Donald Trump am Prozess ëm seng Wal-Néierlag géint den US-President Joe Biden 2020 verhänkt hat, wéi aus Prozess-Dokumenter ervirgeet. De Maulkuerf gëllt elo fir de Prozess géint den Trump wéinst versichtem Walbedruch. D’Verfügung verbitt dem Trump, de Parquet oder Zeie verbal unzegoen.

Et bleift ofzewaarden, ob sech de fréiere President un d’Verbuet hält.

Back to Top
CIM LOGO