Elektroauto aus RusslandModell "Amber": Design ass eng Affaire de Goût

RTL Lëtzebuerg
Am Internet reegt den Design vun engem russeschen Elektroauto d'Kreativitéit vu villen un, fir nei Memes ze schafen a Vergläicher opzestellen.
© DR

De russeschen Autoskonstrukteur “Avtotor” gëtt et zanter 1996 an dësen huet elo e Prototyp vun engem rengen Elektroauto virgestallt. Et soll den éischten Elektroauto ginn, deen a Russland a Serie hiergestallt gëtt. E soll zu Kaliningrad an deem Wierk, wou virun de Sanktioune BMWen, KIAen oder Hyundaie gebaut goufen, produzéiert ginn. Entwéckelt gouf den “Amber” zesumme mat der Moskau Polytech Universitéit an d’Resultat geet e bëssen an d’Richtung vun engem Minivan. Ma den Design mat den LED-Luuchte léist den Amber e bëssi ausgesinn, wéi wann d’Gefier vu sengem eegenen Design erféiert wier.

Geduecht ass, datt den Amber vun 2025 un a Serie produzéiert gëtt an et solle ronn 50.000 Autoe pro Joer vum Band lafen. Aktuell ass awer soss ganz wéineg iwwert d’Gefier vun Avtotor erauszefannen. Dofir mécht den Design awer den Tour an de soziale Medien: En ass den neie Star vu kreative Posts an neie Memes. Eng kleng Beschtelëscht dovunner hunn d’Kolleege vu RTL Infos zesummegesicht.

Back to Top
CIM LOGO