RoumMupp fält 10 Meter déif op schwanger Fra

RTL Lëtzebuerg
Zu Roum ass aus nach ongekläerte Grënn e Rottweiler aus dem 3. Stack vun engem Gebai op eng schwanger Fra gefall, déi dobäi schwéier blesséiert gouf.
© Envato Cynoclub

Aus ongeféier 10 Meter Héicht ass de Mupp vun der Rass Rottweiler am Zentrum vun der italieenescher Haaptstad op d’Fra gefall. Wéi et vun de Rettungsdéngschter heescht, huet den Hond den Opprall net iwwerlieft. D’Fra koum der Zeitung “Corriere della Sera” no mat enger Kappblessur an d’Spidol, wier awer net a Liewensgefor an dem Fötus géing et gutt goen.

Aus wéi engem Grond de Rottweiler aus dem 3. Stack gefall ass, ass bis ewell net gekläert. Éischten Erkenntnisser no waren och eng Partie Kazen am Stot, an deem de Mupp gelieft huet. Eventuell huet de Véierbeener no engem Sprong op d’Fënsterbriet d’Gläichgewiicht verluer an ass erofgefall. Seng Meeschtesch steet ënner Schock.

Zum Zäitpunkt vum Virfall wiere vill Passanten an der Strooss gewiescht, déi eng Niewestrooss vun der beléifter Shoppingmeil “Via del Corso” an der Alstad ass.

Back to Top
CIM LOGO