
En Techniker vum Versuerger Enedis wier ronn 450 Meter vum Prisong ewech op en ënnerierdesche Gank gestouss, esou d’Police e Mëttwoch. Wat d’Saach nach méi mysteriéis mécht, ass, dass op der Plaz Säck mat Gestécks an e Bett fonnt gouf.
Ma dass den Tunnel Deel vun engem méigleche Fluchtwee aus dem Prisong kéint sinn, hält de Guillaume Durand, Mataarbechter vun der Gemeng am 14. Arrondissement, fir éischter onwarscheinlech: “Et handelt sech hei ëm e 4 Meter laangen Tunnel an enger Sakgaass an der Rue de la Santé, méi wéi 500 Meter vum Prisong ewech”, sou den Durand.
D’Police geet dovunner aus, dass den Tunnel de Wee fir bei déi berüümte Paräisser Katakombe vereinfache sollt an heemlech vu Fuerscher vun de Katakombe gegruewe gouf. D’Autoritéiten hätten dann och schonn en Ingenieur op d’Plaz geschéckt, fir d’Lach ze fëllen.
An engem Deel vun de fréieren ënnerierdesche Steebréch, déi ronn 20 Meter ënner Paräis leien, goufen am 18. an 19. Joerhonnert déi stierflech Iwwerreschter vu 6 Millioune Paräisser iwwertenee geluecht fonnt. Hautdesdaags ass et eng Touristenattraktioun an zitt all Joer eng hallef Millioune Visiteuren un.