
De Stärekoup, deen eigentlech NGC 2264 heescht, fonkelt passend zu de Feierdeeg am Weltall. D’NASA schreift, datt déi blo a wäiss Luuchte jonk Stäre sinn, déi Röntgenstralen ofginn.
Dat Gréngt ass näischt anescht wéi en Niwwel aus Gas. Dermat dat Ganzt nach besser wierkt, huet d’NASA eng animéiert Versioun vum Bild gebastelt, déi schéi blénkt.