3 Deeg laang waren zwee Experte vun der Unesco zu Lëtzebuerg, fir den Natur- a Geopark Mëllerdall op Häerz an Nieren ze préiwen. Zanter 2022 dréit dës Regioun de Label Unesco Global Geopark. All véier Joer gëtt de Mëllerdall reevaluéiert fir dësen Titel kënnen ze behalen.
D’Experte konnte sech e Bild vum Natur- a Geopark maachen. Si schreiwen elo e Rapport mat enger Recommandatioun un de Comité vun der Unesco.
Am Abrëll 2026 ginn déi Responsabel aus dem Mëllerdall d’Decisioun vum Verwaltungsrot vun der Unesco gewuer.