Prehistoresch "Fettfabrick"Neandertaler hu scho virun 125.000 Joer Fettgewannung perfektionéiert

RTL Lëtzebuerg
Eigentlech hunn esou Praxisse bis ewell als typesch fir méi spéit Mënschegruppen: Scho virun 125.000 Joer hunn Neandertaler Fett aus Schanke gewonnen.
Eng Figur vun engem Neandertaler virun Neandertaler-Schanken
Eng Figur vun engem Neandertaler virun Neandertaler-Schanken
© Symbolbild / Oliver Berg / DPA via AFP

Dat weist eng Entdeckung vun den Ausgruewungen zu Neumark-Nord am Geiseltal a Sachsen-Anhalt, wéi d’Landesamt fir Denkmalfleeg an Archäologie en Donneschdeg zu Halle matgedeelt huet. Esou komplex Praktiken hu bis ewell als typesch fir däitlech méi rezent Mënschegruppe gegollt.

Deemools gouf et an der Regioun e Séi, un deem sengem Ufer Neandertaler systematesch Schanke vun op d’mannst 172 grousse Mamendéieren, dorënner Hirschen, Päerd an Ochsen, an zéngdausende Stécker zerschloe goufen. Duerch Erhëtzen am Waasser hu si schlussendlech energieräicht Schankefett gewonnen. D’Experte schwätze vun enger prehistorescher “Fettfabrick”. Iwwer 120.000 winzeg Schankefragmenter souwéi iwwer 16.000 Feiersteen-Geschier an aner Artefakte gouf do gebuergen.

Dës Entdeckung géing d’Verständnes vun den Ernärungsstrategië vun den Neandertaler grondleeënd veränneren an géing den Ufank vun esou enger komplexer an aarbechtsintensiver Ressourcëverwäertung “ëm Zéngdausende vu Jore weider zréck an d’Vergaangenheet” verréckelen”, heescht et vun der Uni Mainz.

Fir d’alsteenzäitlech Mënsche war d’Juegd d’Liewensgrondlag a virun allem kaloriëräicht Fett vun entscheedender Bedeitung am Iwwerliewenskampf. Schonn déi fréist Virfare vum Mënsch an Afrika hu Schanken zerschloen, fir Muerch ze gewannen.

“D’Entdeckunge vun Neumark-Nord veränneren eist Bild vun der Upassungsfäegkeet an den Iwwerliewensstrategië vun den Neandertaler”, huet de Landesarcheolog vu Sachsen-Anhalt Haral Meller erkläert. “Wéi et schéngt, hu si schonn e komplexen an aarbechtsintensive Ressourcëmanagement bedriwwen, konnte virausplangen, Narung effizient verschaffen an hir Ëmwelt geschéckt notzen.”

Back to Top
CIM LOGO