1972 gouf an der Monnerecher Strooss zu Esch/Lalleng fir d’éischte Kéier e Cactus opgemaach. 1995 ass en e puer Meter weider an d’Lëtzebuerger Strooss geplënnert. Um initiale Site blouf e Cactus Hobbi bis 2009. Zënterhier gouf en neie Cactus bei der Lallenger Kierch envisagéiert, ma et huet bis 2020 gedauert, bis ugefaange gouf, de Projet an d’Realitéit ëmzesetzen.
Den 29.Oktober dëst Joer wäert den neie Lallenger Cactus seng Dieren opmaachen.
Wéi Cactus an engem Communiqué schreift, huet een hei ronn 150 Milliounen Euro investéiert an et wäerten 150 direkt an indirekt Aarbechtsplazen entstoen, dovunner 50 beim Supermarché selwer, déi aner 100 an de ronn 15 Geschäfter, déi an der Galerie ze fanne sinn. Weider Zuelen: Ronn 800 Parkplazen op zwee Niveauen huet dëse Shoppingzenter an et sinn och 67 Wunnengen op dëser Plaz entstanen.
D’Häerzstéck vum neien Akafszenter ass e moderne Cactus-Supermarché mat ronn 7.000 Metercarré Verkafsfläch, sou de Laurent Schonckert, Administrateur-Directeur Groupe Cactus. Nieft dem grousse Supermarché wäert och nach eng Shoppinggallerie entstoe mat anere Geschäfter souwéi verschiddenen Déngschtleeschtungsofferen. Eng Restauratioun gehéiert och zum Bauprojet.
Am Verglach zum nach aktuelle Cactus hei, wäerten et am neie Supermarché vum Grupp ënner anerem Ännerunge bei de Keese ginn, huet d’Véronique Schmitt erkläert, Directrice Marketing & Kommunikatioun Cactus S.A. “Mir hunn hei zu Lalleng elo ee Comptoir vu 75 Meter, wou et wierklech geet vun der Bakstuff, iwwer de Kéiseck, iwwer Boucherie an dann natierlech eise Mer et Fleuves, dat bleift bestoen, mee mat engem vill méi grousse Choix.”
Vis-à-vis vun den Appartementer, kënnt nieft d’Lallenger Schoul an der Monnerecher Strooss, eng nei Crèche. Mat der Ouverture Enn Oktober mécht anengems de Cactus an der Lëtzebuerger Strooss zou. Dat ganzt Personal aus dem ale Cactus wäert an dat neit Gebai integréiert ginn, dozou wäerten am Supermarché selwer jo nach nei Aarbechtsplazen dobäikommen. E Mëttwoch ass dann am aktuelle Cactus zu Lalleng Jobdag, wou vu moies 10 Auer bis an den Nomëtteg, neit Personal rekrutéiert gëtt.
Mam Bau vun dësem Shoppingzenter war am Fréijoer 2020 ugefaange ginn.