
Dat hunn d’Organisateure vun der “Grösste Kirmes am Rhein”, de St. Sebastianus Schützenverein Düsseldorf decidéiert.
Schonn ufanks vun der Woch ass bekannt ginn, dass d’Ballermann-Lidd vum DJ Robin & Schürze net wäert um järleche Kiliani-Volleksfest zu Würzburg gespillt ginn. Dëst op Demande vun der Stad.
Kritiker halen d’Lidd, wat sech momentan op Plaz 1 vun den däitsche Charts befënnt, fir ze sexistesch. Ënner anerem heescht et am Songtext: “Ich hab’ ‘nen Puff und meine Puffmama heisst Layla. Sie ist schöner, jünger, geiler (...) Die schöne Layla, die geile Layla. Das Layla, uns’re Layla (...)”.
Vun enger Spriecherin vun der Stad Düsseldorf heescht et, dass Gespréicher zum Thema mat den Organisateure gefouert gi sinn, een awer kee Grond gesinn hätt, fir d’Lidd ze verbidden. Och FDP-Politiker Marco Buschmann hat sech zu Wuert gemellt an d’Verbuet als iwwerzu Reaktioun bezeechent.