Déi weltgréisste Meeschterschaft vun de Beruffer mat iwwer 1.400 Kandidaten a 60 verschiddene Beruffer konnt dëst Joer méi wéi eng véierel Millioun Visiteuren unzéien a begeeschteren. Och zu Lyon mécht sech den Hierscht esou lues bemierkbar: eng äiseg Loft zitt duerch de Groupama-Stadium am Nordoste vun der drëttgréisster franséischer Stad, an déi Leit, déi hir déck Jackett doheem gelooss hunn, versichen, sech mat Fändelen zouzedecken, fir esouwuel hir Ekipp unzefeieren, wéi och waarm ze bleiwen. Dëst wierkt sech awer net op d’Stëmmung fir dës Closing Ceremony aus.
Als “Best of Nation” gouf d’Laurence Bley ausgezeechent, dat an der Hotelsreceptioun ugetruede war. Mat 694 Punkten ass hatt leider ganz knapp net un de Seuil vu 700 Punkten erukomm, dee fir eng “Medal of Excellence” néideg gewiescht wier.
Iwwerhaapt konnt d’Leeschtung vun der Lëtzebuerger Ekipp iwwerzeegen: mat engem Schnëtt vu 667 vu maximal 800 Punkten beweisen eis Kandidaten, dat si mat de weltbeschte jonke Professionellen duerchaus mathale kënnen an datt hiren Training an hiren Engagement Friichten dréit.
De Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, gesäit déi 9 Lëtzebuerger Participanten och mat enger grousser Virbildfunktioun: “Et ass eng eemoleg Chance fir déi Jonk, well si erliewen hei eppes, si léieren hei eppes, wat se doheem net kënne léieren a ginn duerno natierlech formidabel Ambassadeure fir d’Beruffsausbildung an eisem Land.”
Zum Ofschloss vun der Zeremonie krut d’Gaaschtland vun der 48. WorldSkills Editioun offiziell de WorldSkills-Fändel iwwerreecht an eng Bün gebueden: 2026 wäerten d’Ae vun der technescher Beruffsausbildung op Shanghai geriicht sinn. Ier et esouwäit ass, geet et awer am Laf vum nächste Joer op d’Europameeschterschaft zu Herning an Dänemark.