
Dovunner ginn op d’mannst d’Pompjeeën aus, déi sech op de Bericht vun der Ekipp bezéien, déi fir d’éischt op der Plaz war. D’Autoritéite goufen deemno e Méindeg bei den Auto geruff, aus dem Damp koum an e 50 Zentimeter breet Lach um Daach hat. D’Autoritéite schwätzen an dem Kontext vun der Méiglechkeet vun engem “stellaren Objet”.
Bis op e klenge Steen, mat der Gréisst vun enger Hieselnoss, gouf an der Ëmgéigend vum Auto allerdéngs näischt fonnt. Et besteet och d’Méiglechkeet, datt de responsabelen Objet zu Stëbs zerfall ass.
Den immens liichte Steen, dee wéi “verbrannt Holz” ausgesäit, soll elo vu Forensiker zu Paräis ënnersicht ginn. Wéi et vun der Police heescht, kann eng Hierkonft aus dem Weltraum net ausgeschloss ginn, dat muss allerdéngs bewise ginn.