
Wéi et säitens der Police heescht, hätte sech déi onbekannten Déiwen e Sonndeg den Owend spéit, respektiv an der Nuecht op e Méindeg, Zoutrëtt an eng ofgespaarte Bud um Chrëschtmaart um Münsterplatz zu Bonn verschaaft. Dono hätten d’Täter d’Verkaafsbud ausgeraumt an hätte sech dono duerch d’Bascht gemaach.
De Wäert vun de geklauten Objete läit bei e puer Honnert Euro. D’Police freet elo no Indicë vu méiglechen Zeien.