
Si hunn der Figur mat Gewalt de Kapp erofgerappt an e matgeholl, heescht et vun der däitscher Police, déi en Zeienopruff lancéiert huet. D’Héicht vum Schued kéint schlecht chiffréiert ginn, well den historesche Wäert vun der Skulptur vill méi grouss ass, wéi dee materiellen.
Ob et sech bei der Dot ëm Déifstall oder Vandalismus handelt, ass den Ament nach Géigestand vun der Enquête.