Och dëst Joer organiséiert den LCTO eng Ouschtersafari. Dat ass eng spilleresch Aktivitéit, déi sech u Famillje mat Kanner tëscht 4-12 Joer riicht. Zesumme mat engem Guide maache si sech op eng Entdeckungrees duerch d’Stater Quartieren a léieren déi besser kennen. Den Tour dauert 2 Stonnen. Wärend dësem Spadséiergang siche si verschidden Déieren, déi en an der Stad ka gesinn, zum Beispill fënnt een an der Fassad vum Palais Afen, virun der Gemeng um Knuedler 2 riseg Léiwen an op der Plëss waart een Einhorn. Duerch dës Safari léiere si Geschicht vun der Stad op eng aner Manéier kennen. Am Kader vun der Ouschtervakanz, solle si besonnesch no engem méi klengen Déier sichen : De Péckvillchen. Där sinn der am viraus uechtert d’Stad verstoppt ginn. Dat mécht Safari zu enger richteger Ouschtersafari.
20 Persoune kënne pro Grupp deel huelen. D’Visite Guidéen ginn op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch a souguer Hollännesch ugebueden. Nach bis de 14. Abrëll kann een un dëser besonnescher Safari deelhuelen.
All déi néideg Informatioune fir dës Entdeckungsrees unzetrieden, fannt dir beim LCTO.