Erausfuerderung fir SchwämmenOp der Sich no Schwammmeeschteren

RTL Lëtzebuerg
Wouhier kënnt de Manktem u Schwammmeeschteren a wat sinn d'Konsequenzen?
Op der Sich no Schwammmeeschteren
Wouhier kënnt de Manktem u Schwammmeeschteren a wat sinn d’Konsequenzen?

Grad wann et waarm ass, zitt et vill Leit bei d’Waasser. Egal ob Stauséi, Baggerweier oder oppe Schwämmen. A grad do stellt sech schonn zanter enger Rei Joren d’Fro: wéi kann ee fir d’Sécherheet vun de Leit am Waasser suergen? Et schéngt nämlech ëmmer méi schwéier ze ginn, Schwammmeeschteren oder Rettungsschwëmmer ze fannen. Verschidde Schwämmen hunn dowéinst schonn hir Ouvertureszäite missen upassen.

An der oppener Schwämm zu Veianen geet een en anere Wee. Vue dass vum 24. Juli un, wann och dee grousse Baseng no de Renovatiounsaarbechten ageweit gëtt, zousätzlecht Personal fir d’Opsiicht gebraucht gëtt, ass schonn am September d’Sich lancéiert ginn. Ma déi war guer net esou einfach, erkläert de François Weyrich, Buergermeeschter vu Veianen.

“Mir hunn zwee oder dräi Mol ausgeschriwwen. Et huet sech deen een oder anere gemellt, awer net genuch. An da kënnt dee Moment wou ee seet: ‘ok mir huelen eis Leit, déi op der Gemeng schaffen, an da gi se ausgebilt fir Rettungsschwëmmer’.”

Fir Rettungsschwëmmer ze ginn, muss een eng Formatioun vun 10 bis 15 Stonne maachen. Et léiert een d’Basis vum Rettungsschwammen an déi éischt Hëllef. E Schwammmeeschter par conter huet eng Ausbildung vun op d’mannst 3 Joer. Firwat sech anscheinend ëmmer manner Jonker fir dëse Wee entscheeden, froe mir beim Manon Sagramola vun der ALIN no, der Associatioun vun de Schwammmeeschteren. An hiren Ae läit de Problem bei enger Gesetzesännerung aus dem Joer 2010. Zanterhier gëtt de Schwammunterrecht nämlech vun den Enseignantë selwer gehalen. D’Schwammmeeschtere mussen zwar present sinn, ma se si just nach fir d’Sécherheet zoustänneg.

Manon Sagramola: “Déi lescht Joren ass de Beruff ëmmer manner interessant ginn. (...) Jonker, déi sech soss fir de Beruff entscheet hunn, well se eben zesumme mat de Kanner wollte schaffen, orientéiere sech elo vläicht éischter un en Éducateur wéi un e Schwammmeeschter.”

D’Konsequenzen dovu géif si an hirem Alldag als Schwammmeeschterin a Rettungsschwëmmerin gesinn. “D’Unzuel vun de Schwëmmer geet ëmmer méi erof”, esou d’Manon Sagramola, “de Schwammcours ass net méi adequat, d’Schüler léieren net méi richteg schwammen, respektiv vun de Schwammtechnike si mir wäit ewech.”

Op eis Nofro hi beim Educatiounsministère heescht et, dass d’Enseignantë scho wärend hirem Studium op der uni.lu ënnert anerem mat spezialiséierte Coursen op dës Aufgab virbereet ginn. Mat geziilten Offere géif een dofir suergen, dass se gutt forméiert sinn, fir Schwammunterrecht kënnen ze halen. Eenzeg beim Encadrement vu Kanner, déi nach net schwamme kënnen, dierfte Schwammmeeschteren d’Enseignanten ënnerstëtzen. An deem Dossier wier keng weider Ännerung virgesinn.

Back to Top
CIM LOGO