
An der Lutte géint déi geféierlech héich Loftverschmotzung huet Pakistan elo eng éischte Kéier kënschtleche Reen agesat. D’Regierung vun der Provënz Punjab deelt mat, dass zwee speziell ekipéiert Fligeren iwwer zéng Gebidder vun der Stad geflu sinn. Weltwäit ass d’Metropol Lahore als eng vun deenen am meescht verschmotzte Stied bekannt.
D’Experiment mam kënschtleche Reen wier e “Kaddo” vun de Vereenegt Arabeschen Emirater, seet de Mohsin Naqvi, Interimchef vun der Provënzregierung. E ganze Grupp un Experte wier dofir zanter iwwer zwou Wochen an der Stad.
Scho méi laang setzen d’Vereenegt Arabeschen Emirater dat sougenannt “cloud seeding” an, fir an dréchene Regioune vum Land fir Reen ze suergen. Dobäi gëtt gewéinlecht Salz oder eng Mëschung aus verschiddene Salzer mat Fligeren an d’Wolleke gesprëtzt.
D’Salzkristaller suerge fir d’Kondensatioun an esou entsteet dann de Reen. Dës Technik ass awer net nei a gëtt och scho vun anere Länner wéi den USA, China an Indie genotzt. Experte behaapten, dass scho ganz liichte Reen fir eng Verréngerung vun der Loftverschmotzung suergt.
An deene vergaangene Joren huet sech d’Situatioun verschlëmmert. Verantwortlech fir de Smog sinn d’Diesleofgasen, d’Ofbrenne vu Felder an déi kal Wantertemperaturen. Am stäerkste betraff ass d'11-Milliounen-Awunner-Stad Lahore wou esouguer schonn Schoule missten zou maachen.
Der Weltgesondheetsorganisatioun no huet d’Anootme vun deem gëftege Stëbs schwéier gesondheetlech Suitte a kann op Dauer zu Longekriibs, Häerzerkrankungen an Otemweeerkrankunge feieren.
