
E 45 Joer ale Mann aus Wisconsin hat säin Doud bei engem Kajakaccident virgetäuscht, fir seng Fra a seng Kanner ze verloossen. Elo muss hien 89 Deeg an de Prisong - genau esou laang, wéi hien offiziell vermësst war.
De Mann hat säi Kajak kentere gelooss, säin Handy a seng Schlëssel versenkt a war heemlech a Georgien gereest. Hei wollt hie mat enger Internetbekanntschaft en neit Liewen ufänken.
Wochelaang haten Daucher no senger Läich gesicht - dat ouni Erfolleg. Opgeflunn ass seng Ligen duerch Spueren op sengem Laptop. Viru Geriicht huet hie sech entschëllegt: Hie géing d’Péng bereien, déi seng Famill wéinst him hat. Nieft senger Prisongsstrof krut de Mann och eng Geldstrof vun 30.000 Dollar, fir d’Käschten, déi duerch d’Sich no him opkoumen.