
“Dat 13. Arrondissement begréisst den David Bowie, Dancing in the Street!”, schreift de Buergermeeschter Jéròme Coumet op X. Domat spillt hien un den Hit un, deen de Bowie zesumme mam Mick Jagger opgeholl hat.
Dës ongewéinlech Éierung ass eng Initiativ vum Coumet, deen e grousse Fan vum Sänger ass. Weider huet hien nämlech och nach eng Ausstellung iwwert den David Bowie organiséiert. 2016 war de Britt am Alter vun 69 Joer u Kriibs gestuerwen nodeems hien esouwuel déi brittesch Musekszeen gepräägt, wéi och d’Amerikaner begeeschtert huet.
Zu Paräis hätt den David Bowie kee besonnesche Lien gehat, huet awer eng Partie Lidder vum belsche Sänger Jacques Brel op Franséisch interpretéiert. Déi entspriechend Strooss ass nëmme 50 Meter laang an hat bis elo nach keen Numm.