Beléiftst TransportmëttelParäisser fuere léiwer mam Vëlo wéi mam Auto

RTL Lëtzebuerg
Zu Paräis ass de Vëlo eng éischte Kéier méi beléift, fir vun A op B ze kommen, wéi den Auto.
© Gardel Bertrand / Hemis.FR via AFP

Just nach liicht méi wéi 4 Prozent vun allen Trajete géife mam Auto gemaach ginn, heescht et an enger Etüd vum Paräisser Büro fir d’Stad-Entwécklung. De Vëlo kéim deemno op 11,2 Prozent.

“Wien hätt virun zéng Joer viraussoe kënnen, datt de Vëlo den Auto iwwerhuele wäert. Mä et ass geschitt”, huet den David Belliard, Vize-Buergermeeschter vu Paräis, dee fir de Verkéier responsabel ass, op der Online-Plattform X geschriwwen. Déi franséisch Haaptstad hat an de leschte Joren am Kader vun hirer Klimapolitik vill a Vëlosweeër investéiert an d’Zuel u Parkplaze staark reduzéiert, wat elo seng Friichten dréit.

Am meeschte gëtt zu Paräis awer weiderhin zu Fouss gaangen (53,5 Prozent) respektiv et hëlt een de Bus oder d’Metro (30 Prozent). Fir d’Etüd goufe vun Oktober 2022 bis Abrëll 2023 d’Beweegunge vun 3.337 Awunner vun der Regioun Paräis am Alter vu 16 bis 80 Joer suivéiert. Dës Donnéeë goufen deemno elo vum Paräisser Büro fir Stad-Entwécklung ausgewäert. Der Märei no wëll een dann och weider a modern Vëlosweeër investéieren.

An de Virstied vu Paräis wier den Auto awer weiderhin de beléiftsten Transportmëttel. D’Autoritéite setzen hei op e groussen Ausbau vum Zuch- a Metrosnetz, fir datt och do manner op den Auto zréckgegraff gëtt.

Back to Top
CIM LOGO