Fir déi éischte Kéier zanter iwwer 10 Joer gouf e Sonndeg zu Paräis nees déi traditionell “Course de garçons de café” organiséiert. D’Course, déi fir d’éischt Kéier 1914 organiséiert gi war, gouf allerdéngs geschlechtsneutral a “Course des cafés” ëmbenannt.
Iwwer 200 Garçonen a Serveusë ware bei der Course dobäi, bei där een eng Taass Kaffi, e Glas Waasser an e Croissant op engem Platto muss bis an d’Zil bréngen - dat zwar sou séier wéi méiglech, awer ouni eppes ze verschëdden an ouni ze rennen. Déi ronn 2 Kilometer laang Streck ass bei der Paräisser Gemeng lassgaangen an huet ënnert anerem duerch de bekannten Touriste-Quartier “Le Marais” gefouert.
Mam Erëm-Opliewe vun der Traditioun wéilt een, sou d’Stad selwer an d’Union des Métiers et des Industries de l’Hôtellerie, den Image vu Paräis fleegen. Nieft dem Sport wéilt een och d’Waasser vu Paräis an den excellente franséische Service promouvéieren.
D’Serveusen a Garçonen, déi bei der Course matmaachen, mussen traditionell Aarbechtskleedung un hunn - also eng schwaarz Box an e wäisst Hiem oder Blus. De Platto, op deem d’Geschier gedroe gëtt, muss ronn sinn.