Verréckte ProjetPensionär baut Eiffeltuerm am Moossstaf 1/10 no

RTL Lëtzebuerg
De Jean-Claude Fassler aus dem Elsass huet en Dënschdeg sech en Dram erfëllt a bei sech den Eiffeltuerm am e bësse méi klengen nogebaut.
© Photo par SEBASTIEN BOZON / AFP

Aktuell a rout steet de klengen Eiffeltuerm elo zu Sainte-Croix-aux-Mines am Elsass. Aacht Joer laang huet de pensionéierte Schlässer u sengem Wierk gebaut a de Mini-Eiffeltuerm dësen Dënschdeg fäerdeg gestallt.

Gehollef beim Bau vum Tuerm, deen 31 Meter héich ass, huet him dobäi ënner anerem säi Enkel. Dës Réplique ass als Hommage un d’Original geduecht a gouf un Hand vun den historesche Pläng, déi den Jean-Claude Fassler entdeckt hat, nogebaut.

Fannt weider Detailer an de komplette Video bei eise Kolleege vum RTL Infos.

Back to Top
CIM LOGO