Fluchhafe vun Santiago de ChilePlakeg Fra randaléiert an attackéiert Fluchpassagéier

RTL Lëtzebuerg
D'Fra huet an der Haaptstad vun Chile fir vill Opreegung gesuergt. Videoe weisen, wéi si randaléiert a Passanten um Airport Nuevo Pudahuel attackéiert.

Esou huet si ënner anerem eng aner Fra un den Hoer gerappt a si esou op de Buedem gezunn. Der Noriichtenagence Emol no hat d’Fra virun hirem geplangte Fluch op enger Party halluzinogene Champignonen zousechgeholl. Si gouf vun der Police festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO