
Am Januar 2024 soll déi brittesch Police da vu Ferrari drop opmierksam gemaach gi sinn, datt ee brittesche Vendeur d’Gefier am Wäert vun ëmgerechent 400.000 Euro un en US-Amerikaner verkafe wollt. Et soll sech dobäi effektiv ëm genee dee Ferrari gehandelt hunn, deen de Gerhard Berger 1995 geklaut krut.
Den Auto soll Ermëttlungen no, kuerz nodeems e geklaut gouf, a Japan bruecht gi sinn, ier en dann 2023 nees a Groussbritannien gelant ass. Eng Festnam an Zesummenhang mam Déifstall gouf et bis ewell net.
Wärend dem Grand-Prix vu San Marino 1995 krut och dem Berger säi Ferrari-Teamkolleeg Jean Alesi den Auto geklaut.