DresdenPolice sicht no Meedchen, wat vu maskéiertem Mann bedrängt ginn ass

RTL Lëtzebuerg
D'Police vun Dresden sicht an engem Groussasaz zanter Méindegmoien no engem Meedchen, dat Aenzeien no vun engem maskéierte Mann bedrängt ginn ass.
© AFP/Archiv/INA FASSBENDER

Hie soll eng schwaarz Stoff-Mask ugehat an d’Meedche festgehalen hunn, dëst konnt sech awer lassrappen an an e Bëschstéck flüchten. Den Täter ass em hannendru gelaf. Enger Passantin no, déi och d’Police nom Virfall kontaktéiert huet, soll d’Meedchen am Primärschoul-Alter sinn.

Den Ament siche ronn 180 Beamten och mat Hëllef vun engem Policehelikopter nom Kand. Eréischt lescht Woch ass zu Dresden e Meedche vun 12 Joer och vun engem maskéierte Mann bedrängt ginn. Hie soll d’Kand an e Bësch gezunn hunn, dëst huet dunn awer no Hëllef geruff a konnt vun enger eelerer Fra gerett ginn. Den Täter ass doropshi geflücht. Well d’Täterbeschreiwung a béide Fäll identesch ass, préift d’Police en Zesummenhang vu béide Fäll.

Back to Top
CIM LOGO