
Enger 18 Joer jonker Fra no souz de Mann mat hir an anere Passagéier am Zuch vu Konz op Tréier. Wärend dëser Faart huet hie sech an de Schratt gegraff an do säi beschtent Stéck “manipuléiert”, wéi d’Police et beschreift. Déi ganz Aktioun gouf vun der jonker Fra gefilmt.
Wéi sech bei den Ermëttlungen erausgestallt huet, ass den 72 Joer ale Mann der Police bekannt an ass scho méi dacks an der Vergaangenheet wéinst änlechen Tëschefäll opgefall. Weider steet hien ënner Surveillance. Nodeem d’Police eng Daten opgeholl huet, gouf hien heemgefouert.