Gléck am OngléckPompjeëen aus Niedersachsen hu Kand aus Kamäin befreit

RTL Lëtzebuerg
Bei eisen däitschen Nopere koum et en Donneschdeg den Owend zu engem méi ongewéinleche Rettungsasaz.
© Envato Symbolbild

Normalerweis ass ee bei de Pompjeeë gewinnt, emol dat eent oder anert Déier aus engem Kamäin ze retten. E Kand aus engem Kamäin-Schacht erauszezéien, ass do scho méi ongewéinlech.

Genee dat ass en Donneschdeg den Owend am niedersächseschen Aurich geschitt, nodeems e Kand vun 10 Joer mam Uewerkierper am Kamäin vum Elterenhaus festhoung. Do virdrun haten d’Elteren nach versicht, de Bouf nees erauszekréien, ouni Succès.

Mat speziellen Apparater huet de Schacht um Enn musse méi breet gemaach ginn, an esou war de Jong bannent e puer Minutten nees fräi. Hien ass onverletzt bliwwen.

Back to Top
CIM LOGO